Amsterdam

 

 

 

 

 

Jordi Pi (Pan)

De Prestige vum alen Europa
as och lëschent denge Kanäl in enner gaang
Amsterdam,
iwwert denge Parken, déi sou grëng sin,
iwwert dengen Dausende vu Blummen.

Du hues dëch stëll aus gebessert,
ech hun dem aritmëschen Schlag vun
dengem Waasser no gelauschtert…
(d’Europa stiernt iwwerdeems).

An trotz allem,
bas de d’Paradies vun de Refugiéen,
vun de Sans-logis, vun den Apatrides,
ech hun dëch léiwer
ouni Verkleedong,
wat méi éierlëch,
wat méi schéin.

Übersetzung: Claude Vanolst

One thought on “Amsterdam”

Comments are closed.